Jules Wilhelm (Politiker)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat Politiker Jules Wilhelm. Fir aner Leit mat deemselwechten Numm, kuckt w.e.g. Jules Wilhelm. |
De Jules Wilhelm, gebuer den 23. September 1935 zu Keel ass e fréiere lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
Hie gouf bei de Gemengewale vun 1981 op der Lëscht vun der CSV an de Keeler Gemengerot gewielt, an den 1. Januar 1982 huet hie säi Mandat ugetrueden. Den 1. Januar 1994 gouf hie Schäffen ënner dem Buergermeeschter Fred Coullen, an no deem sengem Doud ass hien den 1. Dezember 1997 Buergermeeschter ginn. Hie blouf bis den 1. Dezember 2005 am Amt. Säin Nofolger war de John Lorent.
Hien ass zënter 2012 Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Keel.
Literatur [änneren]
- FH, 2012. Kayl/Tetingen: Zwei Lokalpolitiker gewürdigt: Nic. Plein und Jules Wihelm Ehrenbürgermeister. Tageblatt 2012, Nr. 59 (9. März), S. 21.
- rsd., 2012. Anerkennung für Leistungen: zwei Ehrenbürgermeister für die Gemeinde Kayl. Luxemburger Wort 2012, Nr. 59 (9. März), S. 35.