Julia Gillard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Julia Eileen Gillard, gebuer den 29. September 1961 zu Barry, (Wales, Groussbritannien), ass eng australesch Politikerin.
Zënter dem 24. Juni 2010 ass si Premièreministesch vun Australien. Si huet an där Fonctioun de Kevin Rudd ofgeléist, nodeems se un d'Spëtzt vun der Australian Labor Party (ALP) gewielt gi war. Virdru war si Vizepremière ënner dem Rudd an zënter 1998 Deputéiert vun der ALP am Representantenhaus.
Si hat op den Universitéite vun Adelaide a Melbourne studéiert an e Bachelor of arts-Ofschloss a Geeschteswëssenschaften an an Droit gemaach. Zënter 1987 huet si an engem Affekotebüro geschafft. Politesch engagéiert huet si sech fir d'éischt an enger Studentegewerkschafte op der Uni.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Julia Gillard – Biller, Videoen oder Audiodateien |