Julien Berg

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat Resistenzler Julien Berg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Julien Berg (Homonymie).

De Julien Berg, gebuer zu Fouches den 9. September 1914 a gestuerwen de 24. Mee 1944 zu Léck, war e belsche Resistenzler.

Wéinst Sabotage gouf hie vum däitsche Besatzer den 8. Mäerz 1944 verhaft an op Léck an d'Citadelle bruecht. Do gouf hien am Mee erschoss, an nom Krich zu Fouches begruewen.

En Erënnerungskräiz steet am Enclos des fusillés nieft dem Hôpital de la Citadelle zu Léck.