Julienne (Kichen)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Julienne als Kiche-Begrëff. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt w.e.g. Julienne.
Zellerie julienne

Julienne ass an der Terminologie vun der Kichen d'Aart a Weis, Geméis a reng, dënn Sträife vun 1-3 mm Duerchmiesser ze schneiden oder ze rappen.

De Begrëff daucht geschriwwen eng éischte Kéier 1722 am François Massialot sengem Le Cuisinier Royal op. Wou en hirkënnt, ass net kloer, et kéint vum Virnumm Julien oder Jules sinn.

Meeschtens gëtt Wuerzelgeméis esou verschafft, wéi z.B. Zellerie, Muerten oder Ribben. Et gëtt réi, gedëmpt oder gekacht mat Fleesch, Fësch oder Geflijel zervéiert, oder an enger Zopp, déi dann och "Julienne" genannt gëtt.

[änneren] Julienne an der russescher Kichen

An der moderner russescher Kiche gëtt Julienne oder Julien (Жюльен) och e Plat genannt, deen aus Champignone besteet, déi mat Ram (oder Béchamel) a Kéis iwwerbak, an a klenge Kokotten zerwéiert ginn. Dacks ass Poulet drënnergemëscht, oder och alt emol Mieresfriichten.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen