Julienne (Moundkrater)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Eegeschaften | |
|---|---|
| Breet | 26,02° N |
| Längt | 3,12° O |
| Duerchmiesser | 2,0 km |
| Déift | (net bekannt) |
| Selenographesch Längt | 375° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | weibleche Virnumm Julienne |
De Moundkrater Julienne ass e klengen Aschlagkrater op der viischter Äerdmoundsäit westlech vun der Rima Hadley, ëstlech vum Palus Putredinis. E läit am ëstlechen Deel vum gebiergege Gebitt Mons Hadley Delta.
D'Nummbezeechnung geet op eng fréier inoffiziell Bezeechnung op d'Blat 41B4/S1[1] vun der Topophotomap-Kaarteserie vun der NASA zréck, déi vun der IAU 1976 iwwerholl gouf.[2]
Um Spaweck [änneren]
- Julienne op The-Moon Wiki