Julier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Julier oder Iulier (Iulii) waren eng renomméiert Patrizierfamill am réimesche Räich, a si koumen aus Alba Longa.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Gens Julia

D'gens Julia, oder d'Julier aus Alba Longa hunn hire Numm vum mythologesche Iulus ofgeleed, e Jong vum trojaneschen Held Aeneas, de Grënner an éischte Kinnek vun Alba Longa. Iwwert den Aeneas, de Jong vun der Venus hun sech d'Julier dann och eng gëttlech Ofstamung ginn. Dëse Punkt gëtt besonnesch vum Julius Cäsar betount.

D'gens Julia waren zwar net räich, mee hunn awer zu de renomméierte Famillje vu Roum gezielt, obschonns nëmme wéineg Memberen an d'Politik gaange sinn: während der réimescher Republik, am 5. Joerhonnert v. Chr. fënnt een dacks den Numm Iulius an de Lëschten vun de Konsulen, mee dës Lëschte sinn ëmstridden. 451 war ee gewëssene Gaius Iulius Iullus Member vun den Decemviri, déi de Staat verännert hunn. Fir folgend Joerhonnerte sinn nëmmen zwee Konsule nogewisen, fir d'Joren 267 an 157. Verschidde Familljemembere ware Konsul oder Censor.

Zu de bekanntste Vertrieder vun der gens Julia zielt ouni Zweifel de Julius Cäsar. Mat sengem Doud verschwënnt déi direkt Linn vun de Julier, mee d'Famill bleift bestoen.

[änneren] Julio-Claudianer

Mam Augustus an der julesch-claudianescher Dynastie lieft de Numm Julius weider. Mee och eng grouss Partie vu fräigeloossene Gefaangene vum Cäsar an hir Nokommen hu Gentilnomen Iulius dierfen unhuelen. Esou fannen sech dann och bis an d'4. Joerhonnert eng gutt Parti Riedner a Schrëftsteller mat deem Numm.

Den Augustus gouf duerch Adoptioun dem Caesar säi Jong an koum domatter och an d'julianesch Famill. Hie war de Grënner vun der julio-claudescher Dynastie déi bis 68 regéiert huet.

Den Duebelnumm kënnt engersäits vu Iulius duerch den Augustus an vu Claudius, der Livia Drusilla hirem éischte Mann (Tiberius Claudius Nero) säi Familljenumm.

[änneren] Genealogie vun de Julio-Claudianer

Genealogie vun de Julio-Claudianer

[änneren] Bekannte Vertrieder vun de Julier

[änneren] Verschiddenes

Hautdesdaags gëtt de Numm Julius als Virnumm benotzt. De Mount Juli, geneesou wéi de Julianesche Kalenner komme vum Numm Julius. Ausserdem gëtt et de Julierpass an d'Julesch Alpen.

She-wolf suckles Romulus and Remus.jpg Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen