Julius Schiller

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Julius Schiller, gebuer géint 1580, a gestuerwen am Joer 1627 zu Augsburg, war en däitschen Astronom an Augustinermönch, an en Zäitgenosse vum Johannes Bayer, deen och zu Augsburg gelieft huet .

Mat Hëllef vum Bayer huet de Schiller a sengem Doudesjoer 1627 de Stärenatlas Coelum Stellatum Christianum publizéiert. D'Wierk war en Experiment, fir e „chrëschtleche“ Stärekatalog opzestellen, an deem geleefeg Stärebiller ëmbenannt a mat Figuren aus der chrëschtlecher Iwwerliwerung duergestallt goufen. An der Regel sinn dora Figuren a Symboler vum neien Testament nërdlech vun der Ekliptik a vum alen Testament südlech dovun, während d'Ekliptikstärebiller vun den 12 Déierekreeszeechen duerch déi 12 Apostel ersat goufen.

De Stärekatalog gëllt als Kuriosum an hat, am Géigesaz zu dem Bayer senger Uranometria, ni eng grouss Bedeitung kritt. Anescht wéi de Bayer huet de Schiller de Stärenhimmel säiteverkéiert duergestallt, also aus der Siicht vu Gott op d'Firmament a Richtung zu der Äerd. Dës Duerstellung stëmmt iwwerenee mat der Traditioun vun den Himmelsgloben. Déi Stärebiller vum Schiller goufen nëmmen an engem Wierk, dem kënschtlereschen Atlas Harmonia Macrocosmica vum Andreas Cellarius am Joer 1661 opgegraff.

Op dem Äerdmound ass e Krater nom Julius Schiller genannt.

Coelum Stellatum Christianum.jpg   Coelum Stellatum Christianum 34.jpg  
Titelblat vum Coelum Stellatum Christianum
 
 
De Schiller huet den hellege Jousef amplaz vum Orion gesat
 
Cellarius schiller 1.jpg Cellarius schiller 2.jpg
Adaptatioun vum Schiller sengem chrëschtleche Firmament Déi chrëschtlech Stärebiller ëm den Fréijoerspunkt
 

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Julius Schiller – Biller, Videoen oder Audiodateien