Juni-Lyriden

Vu Wikipedia
Juni-Lyriden[1]
Aktivitéitszäitraum 11. - 21. Juni
Aktivitéitsmaximum 16. Juni
Radiantnpositioun
vum Maximum
RA: 18h 32m
DE: +35°
ZHR var
Populatiounsindex 3,0
geozentresch Vitess 31 km/s

Bei de Juni-Lyriden handelt et sech ëm ee Meteorstroum dee gutt vu Mëtteleuropa aus ze gesinn ass. Fir d'éischt gouf hien am Joer 1966 observéiert.[1].

De Radiant vun de Juni-Lyride läit am Stärebild Lyra, e puer Grad südlech vum Haaptstär Vega. Gewéinlech huet dëse Stroum eng kleng Meteorrat vu knapps 5 Meteoren pro Stonn, trotzdeem gëtt et och hei Ausnamen. Fir d'lescht konnten am Joer 1996 verschidden Observateuren eng méi héich Rat gesinn.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 IMO Meteor Shower Calendar 2004 Archivéiert op 2007-08-08. Gekuckt de(n) 2007-07-28.
  2. www.astronomie.de Archivéiert op 2007-03-18. Gekuckt de(n) 2007-07-28.