Jupe

Vu Wikipedia
Eng Jupe
The Evoltion of the skirt, Harry Julius, 1916

Eng Jupe ass e Gezei dat op der Héicht vun den Hëften oder der Taille uläit fir de ganzen ënneschten Deel vum Kierper oder nëmmen een Deel dovun ze bedecken. Dobäi gëtt keng Ënnerdeelung fir all Been gemaach an den ënneschte Bord vun der Jupe bleift op.

D'Jupe gëtt et an ënnerschiddleche Forme souwuel als historescht wéi och als modernt Gezei. Jee no Kultur gëtt se dobäi éischter vu Fraen oder vu Männer ugedoen. An Europa gëtt de Begrëff Jupe bal exklusiv fir weiblech Kleedungsstécker benotzt.

D'Längt vun der Jupe ass jee no Kultur a Moud ganz ënnerscheedlech: Se geet vun der Minijupe bis hin zu Jupen, déi bis un den Enkel ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jupe – Biller, Videoen oder Audiodateien