Jupiler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Jupiler ass e belsche Béier, dee vun der Brauerei Piedboeuf zu Jupille an der Provënz Léck gebraut gëtt.
Et ass en hellen, ënnergärege Béier vum Typ Pils.
D' Mark Jupiler gouf 1966 vu Piedboeuf lancéiert, an ass an der Tëschenzäit op déi éischt Plaz am Verkaf vun de belsche Pilsbéiere geréckelt.
Déi éischt belsch Foussballsdivisioun huet den Numm Jupiler League.
[änneren] Eegeschaften
[änneren] Zorten
- Classique mat 5,2% Alkohol
- Jupiler N.A. ouni Alkohol
- Jupiler Blue mat 3,3% Alkohol zënter 2006.