Juri Michailowitsch Baturin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
vu riets no lénks:Dennis Tito, Talgat Musabayev a Juri Michailowitsch Baturin

De Juri Michailowitsch Baturin, gebuer den 12. Juni 1949 zu Moskau, Russland, ass e russesche Kosmonaut. Hie war Sojus-Kosmonaut beim Weltraumfluch vum éischte Weltraumtourist Dennis Tito.

De Baturin war och deen éischte russesche Politiker, deen an de Weltall geflunn ass. Als Beroder vum russesche President Boris Jelzin fir d'national Sécherheet, gouf hien ausgewielt, ee Fluch als Gaascht op d'Raumstatioun Mir ze maachen.

Hien ass als Fuerschungskosmonaut mat der Missioun Sojus TM-28 op d'Raumstatioun Mir geflunn.

No dësem Fluch huet hie seng politesch Ämter opginn an huet de vollstännege Kosmonautentraining absolvéiert, wat et him erméiglecht huet, als Fluchingenieur op Sojus-Raumschëffer agesat ze ginn. Hien ass zënter 2000 en zivile Member vum Kosmonautekontingent vun der russescher Loftwaff.

Den 28. Abrëll 2001 ass hien u Bord vun engem Sojus-Raumschëff mat dem Fluch Sojus TM-32 zu der ISS gestart. Zwéin Deeg méi spéit, den 30. Abrëll, huet d'Raumschëff um 7:59 Auer UTC un der Statioun ugedockt. Op där Missioun huet hien als Fluchingenieur geschafft.

Seng Aktivitéit als Kosmonaut huet hien den 31. Mee 2009 opginn. Hie war am Ganzen 19 Deeg 17 Stonnen a 45 Minutten am Weltall.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]