Juri Michailowitsch Lujkow

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Juri Michailowitsch Luschkow)
Juri Michailowitsch Lujkow
Gebuer 21. September 1936
Moskau
Gestuerwen 10. Dezember 2019
München
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Politiker, Wëssenschaftler, Staatsmann
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Eenegt Russland
Portrait als ieweschte Buergermeeschter vu Moskau

De Juri Michailowitsch Lujkow (Юрий Михайлович Лужков), gebuer den 21. September 1936 zu Moskau, ass e russesche Politiker.

Hie war Deputéierten am Ieweschte Sowjet an duerno Member vun der Moskauer Stadverwaltung, déi en zum Schluss presidéiert huet. Vum 6. Juni 1992 bis den 28. September 2010 war hien dunn ieweschte Buergermeeschter vu Moskau.

Säin Haaptschwéierpunkt war den Encouragement vum Geschäfts- an Entreprenersgeescht an der Stad. Ënner him huet déi russesch Haaptstad e grouss Bauboom erlieft.

Perséinleches[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp, de Michail Andrejewitch Lujkow, war e Bëschaarbechter, deen an den 1930er Jore vun engem klengen Duerf aus dem Oblast Twer op Moskau geplënnert ass. Seng Mamm Anna Petrowna kënnt aus der Republik Baschkirien.

Vun 1953 bis 1958 huet de Lujkow op der der Moskauer Héichschoul fir Ueleg- a Gasindustrie studéiert. 1958 huet e seng éischt Fra, d'Marina Baschilowa bestuet an huet mat hir zwee Kanner kritt, de Michail an den Aleksandr. Vun 1958 bis 1964 huet hien als Chercheur um Moskauer Institut fir Wëssenschaftlech Recherche u Plastiker geschafft. Der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun (KPSU) ass hien 1968 bäigetrueden. Déi nächst 20 Joer laang schafft hien un Automatiséierungsinitiativen a verschiddene Sektore vun der cheemescher Industrie. Sou war hien ë. a. véier Joer laang Abteilungsleeder am Ministerium fir cheemesch Industrie vun der UdSSR.

Seng Fra Baschilowa ass 1989 u Liewerkriibs verscheet. De Lujkow huet sech 1991 eng zweet Kéier bestuet, mam Jelena Baturina, an huet mat hir zwee Meedercher kritt, d'Aljona (* 1992) an d'Olga (* 1994).

De Lujkow spillt ëffentlech Foussball géint aner Politiker. Zu sengen Hobbyen zielen Tennis a Beienzuucht. Dacks gesäit een de Lujkow mat enger liederser Markekap.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juri Lujkow – Biller, Videoen oder Audiodateien