Józef Gosławski

Vu Wikipedia
Józef Gosławski
Gebuer 24. Abrëll 1908
Gestuerwen 23. Januar 1963
Warschau
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Karikaturist, Sculpteur, Designer
Monument fir de Frédéric Chopin zu Żelazowa Wola
Karikatur vum Mahatma Gandhi
Medail mam Ludwik Lejzer Zamenhof
Monument fir den Adam Mickiewicz zu Gorzów Wielkopolski

De Józef Jan Gosławski, gebuer de 24. Abrëll 1908 zu Polanówka an der Woiwodschaft Lubelskie, a gestuerwen den 23. Januar 1963 zu Warschau, war e polnesche Sculpteur a Medailleur.

Hien huet zu Krakau, Warschau a Roum studéiert. Hien huet haaptsächlech Skulpture gemaach, dorënner eng fir de Frédéric Chopin déi zu Żelazowa Wola an der Woiwodschaft Masowieckie opgestallt ass. Zu senge Wierker zielen awer och Mënzen (ënner anerem fënnef an zéng Złoty) a Medailen.

De Gosławski war Präisdréier bei ville Konschtkompetitiounen a gouf mam Verdéngschtkräiz a Sëlwer vun der Republik Polen (Srebrny Krzyż Zasługi) ausgezeechent. Zu sengen Éiere goufe vill Ausstellunge gemaach.

Zanter 1948 war hie mat der Wanda Mankin bestuet, an d'Koppel krut zwee Kanner.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Eenzelausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Stad Institutioun
1933 Krakau Konschtpalais
1960 Budapest Ośrodek Kultury Polskiej
1963 Warschau Dom Wojska Polskiego
1968 Breslau Gemengenhaus
1973 Warschau Galeria Zachęta
1974 Warschau Galeria Wojskowa DWP
Warka Muzeum im. Kazimierza Pułaskiego
Bydgoszcz (Bromberg) Regionalmusée
1987 Lublin Regionalmusée
1995 Kazimierz Dolny Muzeum Nadwiślańskie - Galeria Letnia
1996 Bolesławiec Bolesławiecki Ośrodek Kultury
1997 Chełmno Regionalmusée
2000 Konin Regionalmusée
2003 Warschau Galeria Domu Artysty Plastyka
2014 Orońsko Centrum Rzeźby Polskiej
2014/2015 Warschau Muzeum Rzeźby (Królikarnia)

Gruppenausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Ausland[änneren | Quelltext änneren]

Joer Land Stad Institutioun
1932 Éisträich Wien Kënschtlerhaus Wien
1936 Italien Roum ?
Italien Roum ?
1950 Tschechoslowakei Prag ?
Italien Roum ?
1959 Italien Catania ?
Éisträich Wien ?
1963/1964 Sowjetunioun Moskau-Minsk ?
1964 Italien Arezzo ?
1965 DDR Berlin-Erfurt-Leipzig ?
1966 Tschechoslowakei Kralupe ?
Bulgarien Sofia ?
1966/1967 Ungarn - ?
1967 Jugoslawien - ?
Finnland
Schweden
Polen - ?
Frankräich Paräis ?
1968 Sowjetunioun Moskau ?
1969 Ungarn Budapest ?
1971 Frankräich Paräis ?
Holland Den Haag ?
1972 DDR Berlin ?
1985 Tschechoslowakei Prag ?
2003 Éisträich Wien Leopold Musée[1]

Fir ze liesen an ze kucken[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Józef Gosławski – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kakanien.ac.at: DER NEUE STAAT. Polnische Kunst zwischen Experiment und Repräsentation von 1918 bis 1939(Däitsch)