Käerz

Vu Wikipedia
Eng Käerz déi brennt, an engem Dëppchen

Eng Käerz ass e feste Block aus Wuess oder Paraffin, an deem eng Wick ageschloss ass déi ee mat Feier ufänkt. Käerze goufe fréier haaptsächlech benotzt fir ze liichten, hautdesgaags gi si vill fir Dekoratioune gebraucht oder bei rituelle Geleeënheeten.

Dacks hu Käerzen eng laang Zylinderform. Obwuel se haut bal net méi fir Beliichtungszwecker benotzt ginn, kann ee se nach zum Beispill a Kierchen, Privathaiser oder op Fester fanne fir eng entspaant oder feierlech Ambiance ze verbreeden.

Am Chrëschtentum bekannt Käerze sinn d'Dafkäerz, d'Kommiounskäerz, d'Ouschterkäerz an d'Éiwegt Liicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Käerzen – Biller, Videoen oder Audiodateien