Käschtebeem

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Käschtebeem

Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Magnoliopsida
Uerdnung: Sapindales
Famill: Seefebamplanzen
Gattung: Käschtebeem
Wëssenschaftlechen Numm
Aesculus
Linnaeus

D'Käschtebeem (Aesculus) si Beem aus der Famill vun de Seefebamplanzen (Sapindaceae) mat ronn 15 Aarten an Nordamerika, Europa und Asien.

Et si Beem déi séier wuessen, an iwwer 20 Meter héich ginn. Hiert Holz ass mëll an et eegent sech dofir gutt fir Schnëtzereien.

Wéinst hirem séiere Wuesstem, hirer dichter Kroun déi vill Schiet garantéiert, an der grousser opfälleger Bléi, si s'als Park- an Alleebeem beléift. D'Friichten, déi Käschte genannt ginn an de Maroune gläichen, si batter a kënne just vun Hirsche, Réi a Wëllschwäin als Fudder opgeholl ginn. En Entbatterungsprozess mécht et méiglech datt se och un Hausvéi verfiddert kënne ginn.

Den däitschen Numm Rosskastanie kënnt dohir datt se fréier bei Päerd als Medezin géint den Houscht gebraucht goufen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Knäpp

Wann am Hierscht d'Blieder vum Bam fale bleift eng houfeisefërmeg Bless um Aascht. Op där Bless sëtzt de Knapp, dee sech am Summer an der Achsel vum Blat gebilt hunn. Wa mer esou e Kapp opmaachen, musse mer fir d'éischt e puer schuppefërmeg Blieder ewechuelen vun deene déi baussecht haart a brong sinn. All déi Schuppe vum Knapp si mat enger haarzfërmeger Mass verpecht. Si sinn ëm e jonken Schotz, d.h. e ganz klengen Aascht mat Blieder (Blatknapp) oder mat Blieder a Bléien (Bléieknapp). Déi eenzel Deeler si mat seidegen Hoer bedeckt. Am Fréijoer gëtt de Knapp lues a lues méi grouss, an den Haarz drëpst eraus. Déi bannenzecht gréng Schuppe vum Knapp strecke sech mat deem jonken Aaascht, deen ufänkt mat wuessen, an d'Längt a protegéieren e weider bis se zum Schluss ganz opginn, an den Aascht fräiginn. Duerno falen se erof.

[änneren] Dat jonkt Blat

Dat jonkt Blat ass am Ufank ganz mat renge wäissen Hoer bedeckt. Déi eenzel Bliedercher sinn der Längt no zesummegefaalt a sti riicht aus dem Knapp eraus. Duerno gi se an d'Breet an hänken eng Zäitlaang no ënnen. Schliisslech riicht d'Blatt sech op a kritt lues a lues seng definitiv Form. Déi kleng Hoer um Blat protegéieren d'Blat virun der Sonn, a verhënneren doduerch eng staark Verdonstung, duerch déi dat jonkt Blat verdréchne géif.

[änneren] Dat fäerdegt Blat

All Blat besteet aus 7 reng gerëppten Eenzelblieder déi um Wutz vun engem Laange Still sëtzen, esou wéi d'Fangeren op enger Hand. Si sinn eefërmeg a ginn no ënne spatz zesummen, esou datt keent dat anert iwwerdeckt. Op vertikalen Äscht sti sech all Kéiers zwee Blider vis-à-vis a bilde mat der Koppel déi duerno kënnt e Kräiz. Se si kräizstänneg. Op den horizontalen Äscht si se och kräizstänneg, et fält awer manner op well d'Blieder d'Tendenz hunn, fir sech an engem horizontale Plang ze verdeelen, woubäi déi Bannenzeg méi laang Stiller maachen, an esou net am Schiet vun de Baussenzege sinn.

[änneren] D'Bléi

Käschtebléi

Well d'Bléie schonns am Knapp fäerdeg ausgebilt sinn, falen se sech kuerz nodeems d'Blieder do sinn auserneen. Si bilde grouss Bouqueten, déi, wat se méi no bausse vun der Kroun stinn, och méi grouss sinn. All Bléi huet e Kielech mat 5 Wutzen, deen awer relativ séier eroffält, a 5 wäiss Blummeblieder déi e gielen, a méi spéit e roude Fleck kréien. Nieft de siwe Stëpsblieder fënnt een nëmmen an e Puer Bléien e Stempel. Déi onfruchtbar Bléien hun awer och hiren Zweck. Si produzéiere Bléiestëps, a maachen Bléi méi grouss a méi opfälleg. Am Ufank kuckt de laange Griffel aus der Bléi eraus, gëtt awer duerno vun de Stëpsblieder iwwerdeckt. D'Befruchtung geschitt doduerch datt d'Beien de Bléiestëps vun alle Bléien op méi Jonker schleefen.

[änneren] D'Fruucht

D'Friichten

D'Fruucht huet e grénge Mantel mat Stachele ronderëm. Wann se zeideg ass fält se vum Still, de Mantel fiert auserneen an dee grousse bronge Somkär, d'Käscht, gëtt doduerch fräi.

Blieder a Bléie vun enger rouder Käscht

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Käschtebeem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen