Kölner Philharmonie

Vu Wikipedia
D'Bün an der Kölner Philharmonie

D'Kölner Phiharmonie, ass e Concertssall zu Köln tëscht der Alstad an dem Kölner Doum, deen 1986 opgemaach huet.

D'Gebai ass en Deel vum Museum Ludwig -Gebaikomplex, a gouf an engem Architekteconcours ausgewielt, deen den Architektebüro Busmann + Haberer vu Köln gewonnen hat. De Grënnungdirekter war den Intendant Franz Xaver Ohnesorg.

De Sall läit ënnerierdesch, eppes ënner dem mëttlere Waasserspigel vum Rhäin. Wéinst dem Grondwaasser -Drock an dem Kaméidi vun den Zich, déi Kölner Haaptgare läit direkt niewendrun, huet de Sall misse speziell mat enger Mauer géint de Kaméidi isoléiert ginn. Iwwer dem Sall ass eng ëffenlech Plaz tëscht dem Musée an den Trapen, déi bei de Rhäin féieren. Dat bréngt mat sech, datt déi eisen Dunnen, déi den Daach vum Sall droen, duerch Foussgänger a Skateboard -Fuerer vibréieren, an d'Plaz wärend de Concerte muss gespaart a bewaacht ginn.

Mat 2.529 m² bitt de Sall Plaz fir eng 2.000 Leit. D'Uergel am Sall gouf vun der Uergelmanufaktur Johannes Klais vu Bonn gebaut. Se war um Ufank mol net virgesinn an huet dräi Manualer mat 70 Regësteren a 5.394 Päifen.
Fir eng "perfekt" Raumakustik ze kréien hunn d'Akustiker Heinz Graner an Abraham Melzer datt keng Wänn, déi vis-à-vis sinn, parallel stinn.

All Joer sinn an der Philharmonie eng 400 Concerten, déi vun iwwer 600.000 Leit gelauschtert ginn.

D'Kölner Philharmonie ass de Sëtz vum Gürzenich-Orchester Köln a vum WDR Sinfonieorchester Köln

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philharmonie Köln – Biller, Videoen oder Audiodateien