Kölsch (Sprooch)

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kölsch ass eng Variant vum Ripuareschen, déi zu Köln an an den ugrenzende Gemenge geschwat gëtt. Se huet eng speziell Bedeitung am Kölner Karneval, wou déi meescht Lidder am Dialekt sinn. Doriwwer eraus ass am Kölschen awer och Rockmusek (BAP) a Literatur geschriwwe ginn. Haut schwätzen allerdéngs ëmmer manner Leit an der Regioun den echten Dialekt. Déi Meescht hu sech scho méi oder manner staark un d'Héidäitscht ugepasst.

Änlech Dialekter ginn och zu Bonn a bis an d'Äifel erof geschwat. Dofir gläicht d'Kölsch och zum Deel der Lëtzebuerger Sprooch. Dat gesäit ee beispillsweis un dësem kölsche Spréchwuert, dat bal d'selwecht och am Lëtzebuergesche bekannt ass: Besser en Mösch en d'r Hand wie en Duuv om Daach.