Köppchen

Vu Wikipedia
D'Kapell op der Köppchen
Schëld um Wee fir op d'Köppchen

D'Köppchen ass de westlechen Ausleefer vun enger Kopp déi tëscht Ohn a Wuermer läit, an déi hiren héchste Punkt mat 295 Meter iwwer dem Flouer Elterbierg huet.

D'Köppche selwer läit op enger Héicht vun an der Moyenne 250 Meter. Duerch hir géi Hanklag déi vu Südwesten no Südosten orientéiert ass, ass d'Köppche besonnesch als Wäilag fir Riesling predestinéiert. Op der Köppchen an an den Nopeschlagen, Nossbam, Nidert, a Pietert sinn dofir mat déi bescht Rieslingscruse vun der Musel ze fannen.

Matzen an de Wéngerte gouf am hallwen Hank op enger Héicht vun 241 Meter, 1925 eng Kapell zu Éiere vum Hellegen Donatus opgeriicht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kapell Wuermer Köppchen‎.

Vun der Köppchen aus, engem vun de schéinste Point-de-vuen am Land, huet een en eenzegaartegen Iwwerbléck iwwer Wuermer, op de Wuermer Bierg an op den Dall vun der Musel.

Weebeschreiwung fir op d'Köppchen[änneren | Quelltext änneren]

Fir op d'Köppchen ze komme fiert een am beschten tëscht Dräibuer a Wuermer vum CR122 an d'Strooss Richtung Köppchen (mat Schëld markéiert), den CR146A. Vun där Strooss béit no zirka 350 m riets e Wee of a Richtung Köppchen. Op deem Wee hält ee sech riets an da kënnt een no 350 m op eng kleng Parkplaz, vun där aus een dann zu Fouss weidergoe kann.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Vue op Wuermer an op d'Musel