Kaarteschléierei

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Kaarteschléiesch. Tableau vu Michail Alexandrowitsch Wrubel, Tretjakow-Galerie, Moskau (1895)

D'Kaarteschléierei ass d'hypothetesch Capacitéit eng Informatioun am Raum an an der Zäit festzestellen ouni seng 5 Sënner ze benotzen. D'Persoun déi déi Fäegkeet huet gëtt Kaarteschléier (Kaarteschléiesch) genannt. Si proposéiert de Leit Consultatioune fir hir Zukunft virauszesoen. D'Kaarteschléierei huet kee wëssenschaftlecht Fundament mä ass eng populär a lukrativ Aktivitéit, déi souguer eng Ausstellung a Frankräich huet[1].

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Kaarteschléierei ass eng Form vun Divinatioun, déi een an den antiken Zivilisatiounen erëmfanne kann. Et fënnt een d'Wuert "Kaarteschléier" (rishi) an den eelste vedeschen Texter[2][3]. Bei den Ale Griichen, kënnt d'Méiglechkeet vum Viraussoe vun der Zukunft vun der Iddi, datt d'Gëtter, wann ee fir si gebiet huet, engem regelméisseg Revelatiounen accordéiert huet iwwer de Wee vun Auguren. Et ënnerscheet een zanter dem Cicero[4] zwou Zorte vun Divinatioun: d'Kaarteschléierei an d'Mantik. Allebéid gehéieren zu der Viraussoekonscht, mä ënnerscheede sech bei de Methoden déi benotzt gi fir un d'Zil ze kommen. D'Kaarteschléierei ass intuitiv, d'Mantik ass kënschtlech, induktiv an technesch mat Hëllef vum Ënnersiche vun Träipe vun engem Déier, der Astrologie etc.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Paranormal pognon, Artikel vum journal provençal le Ravi, September 2012
  2. De polytheismeschen Hindu, Alain Daniélou, Buchet/Chastel, 1982
  3. D'Kaarteschléierei vun de Rishie besteet am Nolauschtere (shruti) vu Geräischer vum Kosmos déi dann d'intrinsesch Reiefolleg an d'Finalitéit soen.
  4. De Divinatione, vu Marcus Tullius Cicero, F. l'Honoré & fils, 1741