Kabbang

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E moderne Kabbang

E Kabbang (fr:cabas oder och cabat), ass e Kuerf mat zwou Schlaufen, dee fréier aus Stréi geflecht gouf, a vun den Hausfrae benotzt gouf fir Kommissiounen ze maachen. D'Stréi gouf no an no duerch schwaarzt Wuesduch an duerno Lieder ersat.

Zu Lëtzebuerg gouf et de Kabbang bis Enn der 1950er Joren an enger besonnescher Form, a war a ville Stéit ze fannen. De Kabbang war eng Zort Patchwork, e Kuerf deen aus klenge Liederstécker zesummegebutt war. Déi konnte véiereckeg oder sechseckeg sinn, a ware sief et niefteneen oder iwwerennee gebutt.

Haut gi Kabbangen a Frankräich ënner dem Numm Cabat verkaaft, a si grouss Akafskierf, déi dacks op Roulette montéiert sinn, a wéi eng Sakkäerchen ausgesinn.