Kachkéis

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger opgekachte Kachkéis

Kachkéis, och alt nach Barekéis oder Buerekéis ass eng Kéisspezialitéit déi een haaptsächlech zu Lëtzebuerg, am Elsass an an der Franche-Comté fënnt. Och an Éisträich fënnt een de Kachkéis als Steirerkäse mager. E gëtt do als Sauermilchkäse vermaart an et ass dacks Kümmel dran.

Et ass ee more Kéis, deen aus Brach vun entrahmter Koumëllech gemaach gëtt. De Kachkéis ass fréier am net gekachten Zoustand verkaaft ginn, an et huet een e bei sech doheem misse selwer opkachen. Haut gëtt e vu Molkereien als opgekachte Kéis a verschiddenen Zorten op de Maart bruecht. An net gekachtem Zoustand huet de Kéis eng giel-gréngelzeg Faarf.

D'Spezialiste kachen en awer léiwer selwer op, well s'esou selwer den definitive Goût kënne bestëmmen.

De Kachkéis opkachen[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Kéis opzekachen (oder méi korrekt "ze schmëlzen", well en däerf op kee Fall kachen) gëtt et e puer Methoden.

Déi einfachst ass:

  1. De réie Kéis a kleng Stécker schneiden.
  2. 2 Drëttel vum Gewiicht vum Kéis als Waasser bäiginn.
  3. En décke Batz Botter mat dra schneiden, a jee no Goût pefferen a salzen. Beim Peffer soll ee ganz reng gemuelene Peffer benotzen, an de Kéis sou séier wéi méiglech ofkillen. Doduerch verhënnert een datt de Peffer dee sech net gutt opléist, am Fong ofsetzt, an de Kéis doduerch onreegelméisseg gepeffert ass.
  4. Dat Ganzt op klenger Flam, oder besser am Bain-Marie opkachen. Beim Kachen op der Flam muss dobäi de ganzen Zäit geréiert ginn, fir datt en net usetzt oder ubrennt.

De Kachkéis op der Schmier[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kachkéisseschmier mat engem Flapp Moschter

De Kachkéis kann op der Schmier einfach sou giess ginn.

Amateure vum Kéis hunn e gär mat Moschter, entweeder mat Moschter um Brout ënner dem Kéis, oder op dem Kéis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]