Kaffi (Moolzecht)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kaffi als Moolzecht. Fir d'Gedrénks u sech, kuckt w.e.g. Kaffi. |
Kaffi (méi seelen: Mueresiessen) gëtt déi éischt Moolzecht genannt, déi een an der Regel moies zou sech hëlt (Kaffi drénken).
Duerch d'Geschicht an uechter d'Welt sinn et ganz ënnerschiddlech Gewunnechten a Bräich, aus wat fir Liewensmëttel en typesche Kaffiskascht sech zesummesetzt, wéi laang en dauert, a wéi wichteg e par rapport zu anere Moolzechten am Dag ass.
Zu Lëtzebuerg besteet de Kaffi gewéinlech aus engem waarme Gedrénks (Kaffi - dohier den Numm - , Schockelaskaffi oder Mëllech, méi sielen Téi) an aus Bakwueren (Bréidercher oder Schmieren), op déi verschidde Saachen dropgeschmiert oder -geluecht ginn: Botter oder Margarine, Kéis, Zoossiss, Ham oder soss Charcuterie, Gebeess, Hunneg, Schockelasbotter,...). Do derbäi kommen heiansdo Orangëjus, Eeër, Müsli oder Cornflakes, Jughurt, Kaffiskichelcher, asw.
No Länner [änneren]
| Commons: Breakfast – Biller, Videoen oder Audiodateien |