Kaká
De Kaká, eigentlech Ricardo Izecson dos Santos Leite gebuer den 22. Abrëll 1982 zu Brasília, Brasilien, ass e brasilianesche Foussballspiller. E spillt am Moment als offensive Mëttelfeldspiller beim FC Real Madrid an der éischter spuenescher Foussballliga, der Primera División.
Säi Liewen [änneren]
De Kaká ass den eelste Jong vum Rodrigo Izecson Dos Santos Leite. Hien ass den 23. Dezember 2005 mat der Caroline Celico an enger evangelescher Kierch zu Sao Paulo bestuet ginn.
Seng Carrière [änneren]
Am Alter vun 19 Joer (2001) huet dem Kaká seng Carrière beim FC São Paulo ugefaangen, wou hie während zwou Saisone bei 49 Spiller 22 Goaler geschoss huet. Hien huet 2003 bei den AC Mailand gewiesselt. Dëse Wiessel huet 8,5 Milliounen Euro kascht. Hien huet an den nächsten 30 Spiller 10 Goaler geschoss a krut esou seng Plaz hannert dem Andriy Shevchenko. Hien huet mam AC Mailand déi zweet Plaz an der Serie A, zweemol déi 2. Plaz an der UEFA Champions League an déi éischt Plaz am Europäesche Supercup gewonnen.
Am Summer 2009 waren e puer Foussballklibb um Kaká intresséiert. Manchester City war bereet bis zu 130 Mio. Euro un den AC Mailand ze bezuelen. Schlussendlech ass e fir 65 Mio. Euro bei Real Madrid gewiesselt.
De Kaká huet mat der brasilianescher Foussballnationalequipe un der Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, der Copa América 2004, dem Konfederatiouns-Pokal 2005 an der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 deelgeholl.
Haut gëllt hien als ee vun de beschte Foussballspiller vu Brasilien.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Ricardo Izecson dos Santos Leite (Kaká) – Biller, Videoen oder Audiodateien |