Béier vu Kalydon

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kalydonesche Béier)
De Meleagros iwwerreecht der Atalante de Kapp vum Béier

De Béier vu Kalydon war nieft dem Béier vun Erymanthos en Nokomme vun der Phaia aus der griichescher Mythologie.

De Béier vu Kalydon gouf vun der Gëttin Artemis an Stadt Kalydon geschéckt, well de Kinnek Oineus vergiess hat hir en Affer ze maachen. De Béier huet Felder vu Kalydon verwüst an d'Aarbechter ëmbruecht.

Den Oineus huet a senger Onverméigen iwwer seng verzweifelt Lag déi gréisst Helden aus Griicheland zesummegeruff fir de Béier z'erleeën. Ënner den Helde waren Argonauten, wéi de Jason, de Bouf vum Kinnek Meleagros, d'Atalante, den Nestor, Theseus, Telamon, Peleus, Polydeukes, Orpheus an Ankaios. Wärend der Juegd gouf et tëscht de Jeeër Sträit, well zwéi vun hinnen net mat enger Fra wollten zesumme joen. De Meleagros huet doropshin déi Zwistegkeet geschlicht, andeems hien un hir Vernonft appeléiert huet. Nodeem d'Jeeër de Béier gesicht haten, huet sech d'Fro gestallt, wéi si hie sollten ëmbrengen.

Beim Ugrëff vum Béier gouf den Ankaios iwwerrannt an embruecht. Wärend de Béier op den Telamon an de Peleus lassgaangen ass huet d'Atalante hie mat engem Fäil schwéier verletzt. Dëst war d'Chance fir de Meleagros, deen de Béier doropshin embruecht huet. De Pelz huet hien der Atalante geschenkt, wouropshin dem Meleagros seng Monnien, aus Jalousie doriwwer de Pelz geklaut hunn. De Meleagros huet seng Monnie fir dës Dot embruecht, wouropshin dem Meleagros seng Mamm aus Trauer a Revanche d'Holzscheet dat hien um Liewe gehalen huet, an d'Feier gehäit huet, an hie sou ëmbruecht huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Calydonian Hunt – Biller, Videoen oder Audiodateien