Kamerunbierg

Vu Wikipedia
Vulkankrateren um Kamerunbierg

De Kamerunbierg (engl: Mount Cameroon; frans: Mont Cameroun), och nach Fako genannt, ass en aktive Vulkan am Weste vum Kamerun. En ass 4095 Meter héich an domat den héchste Bierg a Westafrika. E läit bei der Küst an der anglophoner Regioun South-West, op där Plaz wou de Golf vu Guinea sech béit. De Kamerunbierg läit also ongeféier do, wou den Iwwergang tëscht West- an Zentralafrika ass.