Kanal Bocholt-Herentals

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kanal zu Lommel an Direktioun Bocholt gekuckt
De Kanal zu Lommel an Direktioun Herentals gekuckt

De Kanal Bocholt-Herentals ass e Schëffskanal an de belsche Provënzen Limburg an Antwerpen deen 1846 gebaut gouf. E gëtt do och nach Kempisch Kanaal oder Maas-Scheldekanaal genannt. De Kanal verbënnt d'Zuid-Willemsvaart zu Bocholt mam Albertkanal zu Herentals. En ass 58,8 km laang a befuerbar fir Schëffer aus der CEMT-Klass II bis 650 Tonnen.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich huet de Kanal eng wichteg strategesch Roll gespillt, an zwar als Sprangbriet fir déi alliéiert Buedemtruppen bei der Operatioun Market Garden. Eng besonnesch wichteg Roll hat dobäi d'Bréck N°9 zu Lommel, déi vun den Irish Guards eruewert gi war.

[änneren] Schleisen

Den Héichtenënnerscheed tëscht Bocholt an Herentals ass 33 Meter a gëtt duerch 3 Schleisekomplexer mat duebele Schleisen, a 7 eenzelne Schleisen iwwerwonnen.

  • Lommel (Blauwe Kei): Schleis N° 1A & 1N, 50 m x 7 m a 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 4,30 m
  • Mol: Schleis N° 2A & 2N, 50 m x 7 m a 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 4,30 m
  • Mol: Schleis N° 3A & 3N, 50 m x 7 m a 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 4,31 m
  • Dessel: Schleis N° 4, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 1,91 m
  • Dessel: Schleis N° 5, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 2,13 m
  • Mol: Schleis N° 6, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 1,93 m
  • Geel: Schleis N° 7, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 2,49 m
  • Geel Ten Aard: Schleis N° 8, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 2,03 m
  • Geel Larum: Schleis N° 9, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 1,99 m
  • Herentals: Schleis N° 10, 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 7,51 m



Schëffskanäl a kanaliséiert Flëss an der Belsch

ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen