Kanal Pommerœul-Antoing
De Kanal Pommerœul-Antoing war e Schëffskanal an der belscher Provënz Hainaut.
De Kanal gouf tëscht 1823 an 1826 gebaut, fir net brauche mat de Kuelen aus dem Borinage iwwer de Kanal Mons-Condé duerch Frankräich ze fueren, fir op den Escaut ze kommen an déi domat verbonne franséisch Taxen ze bezuelen. De Kanal war 26 Kilometer laang an huet vu Pommerœul op Antoing gefouert.
E gouf spéider duerch de Kanal Nimy-Blaton-Péronnes ersat op deem Schëffer mat méi groussem Tonnage fuere kënnen. Dobäi goufen e puer Stecker vum ale Kanal an den neien integréiert, an et kann een haut nach zwéin Deeler vum fréiere Kanal gesinn, op deem nach e puer Schleise mat den Hiefbrécken erhale sinn, an zwar fënnef Kilometer tëscht Pommerœul a Blaton mat de Schleisen 1 bis 5, an eng ronn 7,5 Kilometer tëscht Callenelle an dem Petit Large vu Péronnes mat 6 Schleisen.