Kanal Pommerœul-Condé

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Kanal Pommerœul-Condé och nach Kanal Mons-Condé ass e belsch-franséische Kanal an der Provënz Hainaut an am Departement Nord.

De Kanal deen haut nëmme méi deelweis besteet huet fréier Mons mat Condé verbonnen.

De Kanal dee praktesch schnouerricht de Canal du Centre zu Mons, mat dem Escaut zu Condé vebonnen huet war 25 km laang, dovunner 5 a Frankräich. Um Kanal goufen et fënnef Schleisen an der Belsch, an zwou a Frankräich, déi zesummen en Héichtenënnerscheed vu ronn 13 m ausgeglach hunn.

Am Ufank war de Kanal am Gabarit Freycinet gebaut ginn, mat Schleise vun 39 × 5,20 Meter, an en Déifgang vun 2 Meter. Beim Ausbau vum Kanal 1968 an der Belsch an 1982 a Frankräich gouf de Verlaf modifizéiert, an op Europagabarit 110 × 11,40 vergréissert. A Frankräich goufen dobäi d'Schleisen all supriméiert, an de Kanal gouf ëstlech laanscht Condé geleet. An der Belsch gouf eng Parti duerch de Bau vun der Atobunn A7 zerstéiert. Dofir gouf bei Pommerœul e 6.100 m laangen neie Kanal gebaut mat zwou neie Schleisen, deen op der Héicht vum Grand-Large vu Pommerœul Uschloss un de Kanal Nimy-Blaton-Péronnes huet. Dobäi gouf den Uschloss vum Kanal Pommerœul-Antoing zerstéiert an den Deel vun deem Kanal tëscht Pommerœul a Blaton läit vun do un op ronn 5 Kilometer brooch.



Schëffskanäl a kanaliséiert Flëss an der Belsch

ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé