Kanalbréck vu Châtel-sur-Moselle

Vu Wikipedia

D'Kanalbréck vu Châtel-sur Moselle ass eng Bréck fir Schëffer um Canal de l'Est zu Châtel-sur-Moselle. Si läit widder der Schleis N°26 a geet iwwer d'Baach Avière.

Et ass eng Boubréck an huet vu Kapp zu Kapp eng Längt vu 36,25 m. Si besteet aus 5 Béi déi alleguer eng Spanwäit vu 6,00 Meter hunn. Déi véier Flosspiliere sinn no bausse gerënnt an hunn en Duerchmiesser um Kapp vun 1,25 Meter. Vum Kapp bis op de Fong gi s'op all Säit am Verhältnes 1/20 méi breet.

Bréck ass zum groussen Deel am Haastee gebaut. Op de Kante vun de Käpp sinn an der Héicht all Kéier 8 geschnidde Steng agebaut, déi 40 cm op 70 cm maachen, an all Kéier op de Quartier versat sinn.

Op der Kroun vun der Bréck steet op all Kapp, an op all Säit, eng stenge Mauer déi eng Totallängt vu 6,75 Meter huet, an all Kéier tëscht zwéi Piliere vun 1,20 Meter ass. Tëscht dëse Maueren ass vu Kapp zu Kapp e stolent Gelänner.

D'Kroun vun der Bréck, an d'Däichkroun vum Kanal leien op enger Héicht vun 287,20 Meter, de Fong am Bett vun der Avière ass op 281,30 Meter. Den Niddregwaasserstand ënner der Bréck läit op 282,60 Meter, an den Héichwasserstand gëtt mat der Cote 285,63 uginn.