Kanton Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart
Kanton Esch-sur-AlzetteLocatie.png
Esch-Uelzecht
Distrikt: Lëtzebuerg
Chef-lieu: Esch-Uelzecht
Fläch: 242,77 km²
- Plaz: 4. vun 12
Awunner: 154.636 [1](1.01.2012)
- Plaz: 1. vun 12
Bevëlkerungsdicht: 637 Awunner/km²

De Kanton Esch-Uelzecht ass ee vu véier Kantonen am Distrikt Lëtzebuerg a läit am Süde vu Lëtzebuerg.

E grenzt am Norden un d'Kantonen Kapellen a Lëtzebuerg, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un déi franséisch Regioun Loutrengen an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.

Déi 14 Gemengen aus dem Kanton sinn:

  1. Coat of arms bettembourg luxbrg.png Beetebuerg
  2. Blason ville lu Differdange (EschAlzette).svg Déifferdeng
  3. Blason ville lu Dudelange (EschAlzette).svg Diddeleng
  4. Coat of arms esch alzette luxbrg.png Esch-Uelzecht
  5. Coat of arms frisange luxbrg.png Fréiseng
  6. Coat of arms kayl luxbrg.png Keel
  7. Coat of arms leudelange luxbrg.png Leideleng
  8. Coat of arms mondercange luxbrg.png Monnerech
  9. Coat of arms petange luxbrg.png Péiteng
  10. Coat of arms reckange sur mess luxbrg.png Reckeng op der Mess
  11. Coat of arms roeser luxbrg.png Réiser
  12. Coat of arms rumelange luxbrg.png Rëmeleng
  13. Coat of arms schifflange luxbrg.png Schëffleng
  14. Coat of arms sanem luxbrg.png Suessem

Historique [änneren]

De Kanton Esch-Uelzecht war net bei deenen éischte mat derbäi wéi e Beschloss vum 14. Fruktidor Joer III (31. August 1795) d'Kantonen zu Lëtzebuerg agefouert huet. Als Kantonalhaaptuert wier Esch-Uelzecht deemools wuel nach ze kleng gewiescht par rapport zu aneren Uertschaften, wat sech awer mat der Zäit ännere sollt.

Esou sollt dann de 14. Juli 1830 e véiert Justizarrondissement Esch-Uelzecht entstoen, mee d'Belsch Revolutioun huet eng Ëmsetzung vun deem Projet illusoresch gi gelooss.

Doduerch huet sech nach weider gedëllegt misse ginn, bis datt eng Veruerdnung vum 12. Oktober 1841[2] tatsächlech e Kanton Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff huet, dee sech aus dem fréiere Kanton Beetebuerg an Deeler vum fréiere Kanton Messancy zesummegesat huet. Doduerch gouf Esch-Uelzecht Kantonalhaaptuert an d'Friddensgeriicht koum och vu Beetebuerg eriwwer.

Et bleift nach z'ernimmen datt 1817 mat der Schafung vun de Milizkantonen och Esch-Uelzecht esou e Milizkanton ginn ass[3], deen awer a senge Funktiounen a Grenze ganz eegestänneg war an eréischt zënter 1846[4] mam Justizkanton iwwertenee gestëmmt huet (virdru war d'Gemeng Dippech mat beim Milizkanton Esch, d'Gemenge Fréiseng, Réiser a Péiteng dogéint net).

Kuckt och [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2012
  2. Kinneklech-Groussherzoglech Veruerdnung vum 12. Oktober 1841, N° 19, iwwert d'Fixatioun vun der Circonscriptioun vun de Friddensgeriichter an dem Ressort vun de Bezierksgeriichter, publizéiert am Memorial Nr 53 vun 1841, S. 461
  3. Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Februar 1817, Nr. 57, iwwert d'Andeelung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg a Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 12 vum 14. Mäerz 1817, S. 145
  4. Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwert eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 48 vun 1846, S. 451