Kanton Veianen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart
Kanton ViandenLocatie.png
Kanton Veianen
Distrikt: Dikrech
Chef-lieu: Veianen
Fläch: 78,53 km²
- Plaz: 12. vun 12
Awunner: 4.510 [1](01.01.2012)
- Plaz: 12. vun 12
Bevëlkerungsdicht: 83,4 Awunner/km²

De Kanton Veianen ass ee vu fënnef Kantonen am Distrikt Dikrech a läit am Nordoste vum Land.

E grenzt am Norden un de Kanton Klierf, am Osten un Däitschland an am Westen a Süden un de Kanton Dikrech.

Déi dräi Gemengen aus dem Kanton sinn:

  1. Coat of arms putscheid luxbrg.png Pëtscht
  2. Coat of arms tandel luxbrg.png Tandel
  3. Blason de Vianden.svg Veianen

Historique[änneren | Quelltext änneren]

De Kanton Veianen gouf duerch Gesetz vum 4. Abrëll 1851[2] als zwielefte Kanton vu Lëtzebuerg an d'Liewe geruff.

De Kanton huet sech aus der Stad Veianen, an aus der Gemeng Furen, déi allebéid virdrun zum Kanton Dikrech gehéiert hunn, an aus der Gemeng Pëtscht déi zum Kanton Klierf gehéiert huet, zesummegesat.

Gläichzäiteg krut Veianen e Friddensgeriicht a gouf Kantonalhaaptuert.

Duerch d'Fusioun vun de Gemenge Bastenduerf, aus dem Kanton Dikrech a Furen aus den Kanton Veianen zu der neier Gemeng Tandel, huet Fläch vum Kanton sech ëm ronn 24 km² vergréissert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2012
  2. Loi du 4 avril 1851, N° 310, portant établissement d'un canton de justice de paix, à Vianden, publizéiert am Mémorial Nr 26 vum 11 Abrëll 1851, S. 293