Kaoru Ikeya
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kaoru Ikeya, gebuer den 30. November 1943 ass e japaneschen Amateurastronom.
Hien hat tëschent 1963 an 1967 fënnef Koméite entdeckt, dorënner 1965 dee mat bloussem A siichtbare „Sungrazer“ Ikeya-Seki. Am Joer 2002 entdeckt den Ikeya de periodesche Koméit 153P/Ikeya-Zhang an 2010 de Koméit C/2010 V1 (Ikeya-Murakami).
Zu sengen Éieren gouf den Asteroid (4037) Ikeya genannt.