Kaouar-Dall

Vu Wikipedia
D'Kaouar-Dall no bäi Bilma.

De Kaouar-Dall (och: Kawar-Dall) ass en Dall an der Ténéré-Wüst am westafrikaneschen Niger. De Kaouar-Dall leeft an Nord-Süd-Richtung an ass eng 160 Kilometer laang.

En ass bis 100 Meter déif an de Plateau vum Kaouar ageschnidden, an dra leien, vun Norden no Süden, d'Oasenuertschafte Séguédine (Salzgewënnung), Aney, Dirkou a Bilma (Salzgewënnung). Am Süden, Richtung Tschad-Séi, gëtt de Kaouar-Dall vun der Grousser Sandwüst vu Bilma ofgeschloss, mat enger 300 Dünenzich, déi queesch leien. Vu Séguédine am Norde gi sandeg Pisten an nordëstlecher Richtung iwwer Madama, duerch de Plateau vun Djado bis a Libyen an an nordwestlecher Richtung bis bei déi mëttelalterlech Ruinestad Djado, eng 140 km ewech, an do nobäi op Chirfa. An der nërdlecher Verlängerung vum Kaour-Dall läit Enneri Blaka, dat fir seng prehistoresch Fielszeechnunge bekannt ass.