Kapëttchen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng net ausgerullte Kapëttchen.
De Casanova iwwerpréift e Kondom (aus senge Memoiren, 1872)

Eng Kapëttchen (och Kondom, Preservativ oder Gummi), vum fr.: capote, ass e Verhiddungsmëttel a Form vun enger Zort dënner Tiitchen aus vulkaniséiertem Kautschuk (Latex), déi de Mann virum Geschlechtsverkéier iwwer den erigéierte Penis strëppt haaptsächlech mam Zil, säi Sperma opzefänken an esou ze verhënneren, datt d'Fra schwanger kéint ginn.

Ausserdeem schützte Kappëttercher géint sexuell iwwerdrobar Krankheeten a kënnen dozou déngen, de Geschlechtsverkéier méi agreabel ze maachen (doduerch, datt se mat enger glëtscheger Substanz impregnéiert sinn, e besonnesche Goût oder eng speziell Form hunn, asw.).

Fréier ware Kapëttercher aus Schofsdäerm. Nodeems den Charles Goodyear 1839 d'Vulkaniséierun vum Kautschuk erfonnt hat, an esou Gummi produzéiert konnt ginn, huet hien och 1855 déi éischt Kapëttchen aus Gummi fabrizéiert, déi dann 1870 a Serie produzéiert gouf.

Hautdesdaags gi se meeschtens aus Naturkautschuk-Latex, Polyethylen (PE), Polyurethan (PUR) oder Polyisopren produzéiert.

Literatur[änneren]

  • Jeanette Parisot: Dein Kondom - das unbekannte Wesen. Ein Pariser-Buch. BuntBuch-Verlag 1985, ISBN 3-88653-080-9
  • Marianne Ursula Bauer: Die Frommser-Saga: alles über Kondome von A bis Z. Neuer Sachsenverlag, Leipzig 1991, ISBN 3-910164-28-5
  • Caspar Frei: Viva Kondom, alles über Kondome, woher sie kommen, wozu man sie braucht, wem sie nützen. Olms, Zürich 1993, ISBN 3-283-00263-0
  • Mavis Jukes: Küsse, Kerls, Kondome. Was Mädchen wissen wollen. Droemer Knaur, München 1998, ISBN 3-426-82129-X
  • Karl Hoche: Ihr Kinderlein kommet nicht! Geschichte der Empfängnisverhütung. Ullstein 1983, ISBN 3548203272
  • Alexander T. Teichmann: Empfängnisverhütung: Eine vergleichende Übersicht aller Methoden, Risiken und Indikationen, Thieme Tb, 1996.

Um Spaweck[änneren]

Commons: Kapëttecher – Biller, Videoen oder Audiodateien