Kap Canaveral

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Lanform Kap Canaveral. Fir d'Stad kuckt wgl. Cape Canaveral. Fir den Hafe kuckt Port Canaveral a fir d'Rakéietestartplaze kuckt Cape Canaveral Air Force Station a Kennedy Space Center.
Cape Canaveral (Satellittefoto, 1991)
Inselen am Schutzgebitt Canaveral National Seashore

De Kap Canaveral (en: Cape Canaveral; es: Cabo Cañaveral) ass e Kap op Merritt Island, enger Landzong ongeféier an der Mëtt vun der Küst vu Florida (USA) am Brevard County, déi an den Atlantik eraustéisst. Cabo Cañaveral heescht Kap vun de Lëtschen. E krut den Numm vun de spueneschen Entdecker vum 16. Joerhonnert wéinst de ville Lëtschefelder an där Géigend[1]

E gehéiert zu der Géigend déi als Space Coast (Weltraumküst) bekannt ass, wéinst de Weltraumgaren déi do ronderëm installéiert sinn, wéi d'Cape Canaveral Air Force Station, déi direkt dernieft läit, an de Kennedy Space Center, op der Merritt-Insel déi vun der Landzong duerch d'Lagun vum Banana River getrennt ass.

Den Ausdrock Kap Canaveral huet sech zu enger Metonymie entwéckelt déi d'Rakéitestartplazen do an der Géigend bezeechent.

Nom Muerd um amerikanesche President John F. Kennedy am Joer 1963 goufen de Rakéitestartareal an de Küstendeel zu sengem Gedenken ëmgenannt an huet duerno Cape Kennedy geheescht. Den Numm gouf 1964 vum Board of Geographic Names vum US-amerikaneschen Inneministère offiziell registréiert. Ënner de lokalen Awunner gouf den Numm ni akzeptéiert an 1973 huet d'Administratioun vum Staat Florida den Numm vum Kap nees op Cape Canaveral geännert. De KSC huet säin Numm behalen.

Naturschutz an Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

1963 gouf e groussen Deel vun der Insel vu 567 km² als Merritt Island National Wildlife Refuge ënner strenge Naturschutz an ënner d'Verwaltung vum U.S. Fish and Wildlife Service gestallt. D'Gebitt iwwerlappt sech deelweis mat der Sécherheetszon vum KSC. De Rescht vun der Insel (vu ronn 233 km²) gouf 1975 ënner dem Numm Canaveral National Seashore als Naturschutz- an Erhuelungsgebitt ënner d'Administratioun vum National Park Service gestallt. Zu der National Seashore gehéiere ronn 40 km Sandstränn. Grouss Deeler vu béide Schutzgebidder ginn aus Sécherheetsgrënn bei Rakéitestarte fir Touristen zougemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kap Canaveral – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dictionnaire des noms de lieux – Louis Deroy et Marianne Mulon, Le Robert, 1994 ISBN 285036195X