Kap Hoorn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Location South America.png Dëse Geographiesartikel zu Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Kap Hoorn, op Spuenesch: Cabo de Hornos, gëtt allgemeng als südlechste Punkt vu Südamerika ugesinn. En trennt den Atlantik vum Pazifik, a läit op 55° 59' südlecher Breet a 67° 16' westlecher Längt.

Kap Hoorn vum Mier aus gesinn

De Kap Hoorn läit op der Fielseninsel Isla Hornos, déi zu Chile gehéiert, bannent dem Feierland-Archipel. Et ass also net de südlechste Punkt vum südamerikanesche Festland. Dat ass d'Hallefinsel Bunswick eppes iwwer 250 Kilometer méi nërdlech. Déi Inselen, déi nach ongeféier 100 Kilometer méi südlech leie sinn d'Diego Ramirez-Inselen, déi och zu Chile gehéieren.

Deen éischten, dee ronderëm de Kap Hoorn gesegelt ass, war den 29. Januar 1616 den hollännesche Séifuerer Willem Cornelis Schouten. Hie war op der Sich no enger neier Passage fir an de Pazifik, well déi Hollännesch Ostindien-Kompanie d' Magellanstrooss fir friem Schëffer gespaart hat. De Schoutens huet déi neientdeckte Mieresstrooss no sengem Gebuertuert, Hoorn an Nordholland, genannt.

Commons: Cape Horn – Biller, Videoen oder Audiodateien