Kapell

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kapell als reliéist Gebai. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Kapell (Homonymie).
Kapell Sainte-Brigitte an der Bretagne, Frankräich.

Eng Kapell (lat: cappa, "Mantel", am Diminutiv capella) ass ee klengt Kierchegebai, wat entweder fir sech steet, oder an e méi grousst Gebai, wéi zum Beispill eng Kierch oder Kathedral, awer och a profan Gebaier wéi eng Buerg oder e Spidol agebaut ass. Eng vun de bekanntste Kappelle vun der Welt ass d'Sixtinesch Kapell zu Roum, mam immense Plafong vum Michelangelo.

Déi fréi chrëschtlech Gebaier goufe meeschtens nach net als Kapell bezeechent, si ware manner Gebaier, mä éischter verschidde spezifesch Raim an engem Gebai. Déi éischt Kapellen - och wa se deemools nach net sou genannt goufen - déi separat vu Kierchen identifizéiert goufen, waren d'Monumenter fir d'Märtyrer.

D'Terminologie koum spéider duerch eng Reliquie vum Hellege Martin vun Tours. Hien hat engem Heeschemann d'Hallschent vu sengem Mantel ginn, déi aner Hallschent huet hie selwer ugedo (eng. cape; lat. cappa, capella). Dëse Mantel koum an de Besëtz vun de fränkesche Kinneken, a si hunn d'Reliquie matgeholl, wa si an d'Schluecht gezu sinn. D'Zelt, wou si de Mantel higeluecht haten, a wou si d'Mass gehalen hunn, gouf capella genannt. D'Paschtéier, déi hei d'Mass gehalen hunn, goufe cappellani genannt.

Kapell vun der Helleger Catherine, Abbotsbury, Dorset.

Vun dëse Wierder kommen eis Terme "Kapell" a "Kaploun".

An der englescher Geschicht goufen dacks déi Kierchen, déi net zu der Church of England gezielt hunn - also gréisstendeels protestantesch Kierchen - Kapelle genannt.

Well Kapelle meeschtens net grouss sinn, ginn och meeschtens keng regelméisseg Gottesdéngschter fir eng ganz Par do gehalen, mä d'Gebai gëtt éischter fir Privatandachte benotzt. Meeschtens gehéieren d'Kapellen der Par och net. Dacks goufen d'Kapelle vu Privatleit gebaut, fir engem bestëmmten Hellege fir e Wonsch, deen an Erfëllung gaangen ass, merci ze soen.

Kapelle gëtt et wéi scho gesot, och dacks a gréisseren anere Gebaier. An enger Kierch sinn dëst kleng Raim, wou spezifesch Gottesdéngschter fir e klenge Public gehale ginn, wéi zum Beispill an enger Dafkapell oder enger Sakramentskapell. Eng Usammlung vu Kapellen un der Apsis vu mëttelalterleche Kierchen nennt ee Kapellekranz. Sinn d'Kapellen am Längsschëff ugebaut, heesche si Säitekapellen. An der Kierch ass et och déi Plaz, déi d'Krypta ersetze kann, wou Verstuerwener bäigesat ginn. Räich Familljen hate fréier sou Kapellen an de Kierchen an hunn dem Klerus héich Zommen dofir bezuelt.

An de Buergen a Schlässer goufen och dacks Kapellen ageriicht. Ausserdeem fënnt ee Kapellen op Kierfechter oder laanscht d'Stroossen (besonnesch laanscht bekannte Pilgerweeër).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapellen – Biller, Videoen oder Audiodateien