Kapell Näerzeng

Vu Wikipedia
Kapell vun Näerzeng

Uertschaft / Plaz Näerzeng
Par Beetebuerg–Fréiseng
Saint-André
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Andreas
Koordinaten 49° 30’ 33.3’’ N
      6° 03’ 30.4’’ O
Den Agank vun der Kapell

Den Agank vun der Kapell
Den Agank vun der Kapell
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun Näerzeng ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Beetebuerg gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.

Si steet am ëstlechen Deel vun der Uertschaft an der Kierchestrooss, enger Sakgaass, nëmmen zirka 50 m vun der CFL-Linn 60. Ronderëm d'Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.

Op der Fassad iwwer dem Agank steet d'Joreszuel 1758.

Zur Par Hunchereng gehéieren ausser der Kapell vun Näerzeng och nach d'Parkierch vun Hunchereng an d'Kapell vu Fenneng.

D'Kapell vun Näerzeng gouf eng Rei Méint tëschent Enn 2021 an Ufank 2022 vun enger Fräikierch benotzt[1], der Kierch vum Nazareener, eng Glawensgemeinschaft, deenen hir Memberen haaptsächlech vum Cap Vert kommen. Am Februar 2021 gouf Lëtzebuerg, vun der Kierch vum Nazareener, als déi 164. Regioun vun der Kierch ernannt.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Näerzeng – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kapell vun Näerzeng aus südëstlecher Richtung gesinn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gemeinde Bettemburg, Freikirche erhält auf ungewöhnlichem Weg Zugang zu Kapelle (11. Abrëll 2022). Gekuckt de(n) 11. Abrëll 2022., Ungewohnte Untermieter, Wie eine Freikirche ohne offizielle Erlaubnis des Bistums eine Kapelle in Noertzingen nutzen konnte, Luxemburger Wort, 11. Abrëll 2022, S. 16
  2. Church of the Nazarene officially enters Luxembourg. Gekuckt de(n) 11. Abrëll 2022.