Kapell Éimereng

Vu Wikipedia
Kapell vun Éimereng
Kapell vun Éimereng (2014)

Kapell vun Éimereng (2014)
Kapell vun Éimereng (2014)
Uertschaft / Plaz Éimereng
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Tréischterin am Leed
Konsekratioun 1948
Koordinaten 49° 29’ 12.3’’ N
      06° 17’ 25.5’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Éimereng ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert.

Se ass der Tréischterin am Leed geweit.

Se steet am Duerfzentrum un der Haaptstrooss (rue de l'Église).

Zur fréierer Par Elveng gehéiert ausser der Kapell vun Éimereng och nach d'Kierch vun Elveng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell gouf nom Zweete Weltkrich als Monument fir déi Gefalen aus der Par Elweng-Éimereng gebaut an duerch fräiwëlleg Spende vun den Awunner vun der Par finanzéiert. Zugläich war et e Merci fir de besonnesche Schutz duerch d'Muttergottes, Tréischterin am Leed. Se gouf den 3. Oktober 1948 vum Paschtouer Michaely vun Elveng ageweit.

No enger Renovéierung am Joer 1978 gouf de 26. November vum Bëschof Jean Hengen den neien Altor, den Tabernakel an eng Statu vum hellege Jousef geseent.

Am Joer 2009 ass de Banneraum vun der Kapell besonnesch am technesche Beräich (Heizung, Beliichtung, Miwwelen) renovéiert ginn.

Rousekranzpressessioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Sonndeg am Oktober, dem Rousekranzsonndeg, ass d'Kapell zu Éimereng d'Zil vun enger Rousekranzpressessioun, déi vun Elweng ausgeet. Den Ursprong vun der Pressessioun ass e Verspriechen dat d'Awunner vun Elweng an Éimereng am Krich ginn hunn.

Bannenan[änneren | Quelltext änneren]

D'Molerei op der Réckwand vum Chouer gouf 1948 vum Nicolas Brücher ausgefouert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort Nr. 233 vum 5. Oktober 2012, S. 25: Prozession zur Muttergotteskapelle in Emeringen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Éimereng – Biller, Videoen oder Audiodateien