Kapell Cité Léon Kauffman

Vu Wikipedia
Kapell Cité L. Kauffman
De Klackentuerm vun der Kapell

De Klackentuerm vun der Kapell
De Klackentuerm vun der Kapell
Uertschaft / Plaz Zolwer
Par Par Suessem
Christ Sauveur
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Leo
Konsekratioun 1962
Desakraliséiert 2. Abrëll 2017
Koordinaten 49° 31’ 07.2’’ N
      05° 55’ 0.2’’ O
D'Kapell vun der Cité Léon Kauffman (2013)

D'Kapell vun der Cité Léon Kauffman (2013)
D'Kapell vun der Cité Léon Kauffman (2013)
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun der Cité Léon Kauffman war eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Suessem Christ Sauveur, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Suessem gehéiert huet.

De Patréiner war den hellege Léon deem säi Fest den 10. November gefeiert gëtt.

Se stoung an der Cité Léon Kauffman (am Zolwer Deel) op der Kräizung vun der rue Léon Kauffman mat der rue Pierre Neiertz.

Zur fréierer Par Zolwer huet ausser der Kapell vun der Cité Léon Kauffman och nach d' Kierch vun Zolwer gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks der 1960er Joren ass duerch de Bau vun der Cité Léon Kauffman d'Noutwendegkeet entstanen, kuerzfristeg eng Kierch fir déi nei Cité ze bauen. Op Initiativ vum Bob Frommes, dem Direkter vun der "Société nationale des habitations à bon marché" (SNHBM), ass dunn an engem Garagentrakt an der rue Pierre Neiertz, deen aus aacht net ënnerdeelte Garage bestanen huet, eng provisoresch Kapell entstanen - dëse Provisorium huet bis zur Entweiung vun der Kapell gehalen.

D'Gebai gouf renovéiert an niewendrun ass aus Grey-Träger, déi gratis vun der Firma Hadir zur Verfügung gestallt goufen, en oppene Klackentuerm gebaut ginn, an deem zwou Klacken hänken. Vun der Hadir koumen och nach e puer Géigestänn fir d'Bannenariichtung, déi weider Ariichtung ass vun der Kierchefabréck vun Zolwer finanzéiert ginn.

Den 2. September 1962 ass d'Kapell vum deemolege Bëschof-Koadjutor Jean Hengen an a Presenz vum deemolege Staatsminister Pierre Werner ageweit ginn. Se ass den 2. Abrëll 2017 am Kader vun enger leschter Massfeier entweit ginn. D'Muttergottesstatu vum Emil Hulten koum no der Entweiung an d'Kierch vun Zolwer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Cité Léon Kauffman – Biller, Videoen oder Audiodateien