Kapell Diddeleng-Butschebuerg (Gehaanskapell)

Vu Wikipedia
Gehaanskapell vu Butschebuerg

Uertschaft / Plaz Butschebuerg
Par Diddeleng
Saint-Martin
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Koordinaten 49° 29’ 25.2’’ N
      06° 03’ 40.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Gehaanskapell vun Diddeleng-Butschebuerg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Diddeleng Saint-Martin an zu der Gemeng Diddeleng gehéiert.

Si ass dem hellege Jang den Deefer geweit.

Si steet ganz uewen um Gehaansbierg zu Diddeleng am Quartier Butschebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ier d'Häre vu Gymnich ëm d'Joer 1464 d'Buerg um Gehaansbierg gebaut hunn, stoung do am ëstlechen Deel vum Plateau eng éischt Kierch déi dem Jang den Deefer geweit war. Se ass zënter 1261 dokumentéiert a war – zesumme mat der Diddelenger Mäerteskierch – d'Parkierch vun Diddeleng.

1552 huet de Mansfeld, Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg, d'Buerg um Gehaansbierg ofbrenne gelooss.

Am Laf vum 16. Joerhonnert goufen et reegelméisseg Pilgerfaarten op de Gehaansbierg a géint Enn vum 17. Joerhonnert ass nees eng Kapell opgeriicht ginn. Bei der Kapell huet en Klausener gewunnt, dee 1794 vu franséische Revolutionären erschoss gouf. D'Kapell ass zerstéiert ginn.

An de Joren 1887-1888 huet d'Gemeng Diddeleng, zesumme mam deemolege Proprietär vun der Kopp, dem Grof vu Bertier, d'Kapell sou opbaue gelooss, wéi se haut nach ausgesäit. 1969-1972 gouf d'Kapell restauréiert an et sinn aktuell(September 2021) nees Renovatiounsaarbechten am Gaang.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Diddeleng-Butschebuerg (Gehaanskapell) – Biller, Videoen oder Audiodateien