Kapell Dondel

Vu Wikipedia
Kapell vun Dondel
D'Kapell vun Dondel (2013)

D'Kapell vun Dondel (2013)
D'Kapell vun Dondel (2013)
Uertschaft / Plaz Dondel
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Koordinaten 49° 41’ 16.4’’ N
      06° 01’ 49.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun Dondel ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Kielen gehéiert.

Si ass dem hellegen Haupert geweit an huet Illustratioune vu Bëschdéieren an de Fënsteren.

Si steet op der Kräizung vun der Millestrooss (rue du Moulin) mat der Lëtzebuerger Strooss, der N12. Nieft der Kapell leeft d'Dondeler Baach laanscht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer der Dier steet d'Joreszuel "C1827M", et gëtt awer geschat datt se méi al ass.[1]

Se ass rezent (2012-2013) renovéiert ginn. De 26. Juni 2013 gouf déi renovéiert Kapell vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich nei ageseent.

Bannenariichtung[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënstere sinn ëm 1958 vum Diddelenger Kënschtler Frantz Kinnen entworf ginn. An der Kapell sinn aacht Statuen, déi deelweis aus dem 18. Joerhonnert stamen, a vun der Kënschtlerin Tilly Hoffelt restauréiert goufen. Dobäi gouf déi al Faarf aus den 1950er Joren ewech gemaach an d'Statue sinn elo nees wéi am Originalzoustand.

  • Hl. Haupert
  • Hl. Jakobus
  • Hl. Péitrus
  • Jesus mat Famill
  • Madonna mat Kand
  • eng Äbtissin

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Dondel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort (Nadia Rafalski), vum 28. Juni 2013, S. 28: Ein kleines Schmuckstück