Kapell Glacis
| Kapell um Glacis | |
| Uertschaft | Lëtzebuerg Stad |
| Par | Notre-Dame |
| Numm | Mariä Geburt (8. Sept.) |
| Konsekratiounsjoer | 1885 |
| Parverband | Lëtzebuerg-Notre-Dame |
| Architekt(en) | Charles Arendt |
| Kierchen - Kapellen | |
Déi aktuell Glaciskapell steet gutt 100 m ewech vun do wou schonns eng éischt Kapell (Neipuertskapell genannt) aus dem Joer 1628 stung. Si gouf op Wonsch vum Bëschof Nicolas Adames gebaut, no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt an am Joer 1885 duerch de Bëschof Jean Joseph Koppes geweit.
Beim Agank vum Nikloskierfecht steet eng Erënnerungsplaquette un déi éischt Muttergotteskapell um Glacis, déi am Joer 1796 duerch d'Truppe vun der franséischer Revolutioun zerstéiert gouf.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] D'Fënsteren
Sechs grouss Fënstere aus dem Joer 1966 vum Emile Probst an deem senger Fra Denise Probst-Massin bilden en Zyklus deen d'Geschicht vun der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg erëmgëtt. Si goufen 1966 zum 300. Jubiläum vun der Erwielung vun der Muttergottes zur Patréinesch vun der Stad (dem sougenannten Tricentenaire) agesat.
[änneren] Chronologie
- 1624: De Pater Broquart SJ leet déi éischt Prëssessioun mat der Statu vun der Tréischterin am Leed
- 1628: Wei vun der éischter Glaciskapell, der Neipuertskapell.
- 1640-1642: D'Kapell gëtt duerch e rechteckegen Ubau vergréissert.
- 1642: Duerch Zaldote vu Lëtzebuerg kënnt eng Gravur vun der Lëtzebuerger Statu op Kevelaer.
- 1666: D'Maria gëtt zu der Patréinesch vun der Stad erkläert.
- 1678: D'Herzogtum Lëtzebuerg an d'Grofschaft Chiny maachen d'Muttergottes och zu hirer Patréiensch.
- 1684: D'Stad ass zerstéiert, iwwer de Mauere géif den Zaldoten d'Muttergottes erschéngen.
- 1796: an der Zäit vun der franséischer Revolutioun gouf d'Neipuertskapell profanéiert a 1796 ewechgerappt. D'Statu vun der Muttergottes koum dunn an Jesuitekierch.
- 1866: Bicentenaire, d'Muttergottesstatu kritt vun engem peepstleche Legat (vum Poopst Pius IX.) eng Kroun opgesat.
[änneren] Soss Kuckeswäertes
De grousse Wandteppech am Fong vum Chouer gouf, wéi och d'Fënsteren, 1966 zum Tricentenaire ubruecht. E weist d'Maria Tréischterin am Leed a staamt vum E. Probst an Zesummenaarbecht mat senger Fra.
An der Kapell sinn d'Griewer an d'Grafsteng vun den zwéin éischte Bëscheef vu Lëtzebuerg, Nicolas Adames a Jean Joseph Koppes.