Kapell Héiweng

Vu Wikipedia
Kapell vum Héiweng

Uertschaft / Plaz Duelem
Par Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Albin
Baujoer 1950
Koordinaten 49° 36’ 19.3’’ N
      05° 55’ 48.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Héiweng ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Garnech gehéiert.

Si steet nieft der Schoul laanscht d'Haaptstrooss (rue de Garnich), den CR101.

Zur fréierer Par Garnech hunn och nach d'Parkierch vu Garnech an d'Kapell vun Duelem gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kapell ass am Joer 1833 gebaut ginn. Den Devis vum Bau war op 2.866 Frang berechent ginn, de Bau huet effektiv awer nëmmen 2.200 Frang kascht well d'Awunner vum Duerf d'Handlaangeraarbechte selwer gemaach, a sech ofgewiesselt hunn, fir de Bauaarbechter de Kascht ze ginn.[1] Déi aktuell Kapell gouf 1950 gebaut.[2]

A senger Sëtzung vum 22. Abrëll 2020 huet de Garnecher Gemengerot eestëmmeg beschloss, d'Kapell entweien ze loossen[3], nodeems e schonn a senger Sëtzung vum 12. Februar 2020 och eestëmmeg entscheet hat, esou en Optrag auszespriechen[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Héiweng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der Gemeng Garnech Histoire de Garnich
  2. Kapelle in Hiwingen soll entweiht werden, Artikel am Luxemburger Wort vum 18. Februar 2020 S.35
  3. De Gemengebuet 2020/2, S. 6.
  4. De Gemengebuet 2020/1 S. 5.