Kapell Longsdref

Vu Wikipedia
Kapell vun Tandel
Kapell zu Longsdref (2008)

Kapell zu Longsdref (2008)
Kapell zu Longsdref (2008)
Uertschaft / Plaz Longsdref
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Markus
Koordinaten 49° 53’ 56.2’’ N
      06° 12’ 27.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Longsdref ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Tandel gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Markus, deem säi Fest de 25. Abrëll gefeiert gëtt.

Se steet um Marxbierg am Oste vun der Uertschaft.

De 16. Februar 1939 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Furen gehéieren ausser der Kapell vu Longsdref och nach d'Parkierch vu Furen, d'Filialkierch vu Bëttel an d'Gehaanskapell vu Waalsdref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell war warscheinlech am Mëttelalter eng Parkierch, ier dës Rechter am 14. Joerhonnert u Furen iwwerdroe goufen. De Marxbierg (= Markusbierg) war, absënns um Namensdag vum hellege Markus, eng vill besicht Pilgerplaz, soudatt dann och do, bis zum Enn vum 18. Joerhonnert, e Joermaart ofgehale gouf.

Vum 17. Joerhonnert un huet e Klausener bei der Kapell gewunnt an drop opgepasst.[2] Seng Wunnecht war mam Südschëff vun der Kapell verbonnen. Deen éischte, geschichtlech noweisbare Klausener, war de Jacques Goutiez dee 1726 gestuerwen ass an an der Kapell begruewen ass. Säi Grafsteen ass am Virraum op der Westsäit vun der Kapell.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Schëff vum Gebai, dat an zwee gedeelt an an der Mëtt mat Sailen ofgestäipt ass, misst aus der zweeter Hallschent vum 16. Joerhonnert sinn. Aus där Zäit sinn och Wandmolereien op der Apsis, déi d'Martyrium vum hellege Markus weisen. Zanter 1740 ass eng Narthex (eng Zort Virraum) virun der Westentrée ugebaut. 1757 koum eng Säitendier op der Nordsäit bäi.[2]

An der Mëtt vum Chouer ass e barocke Retabel lénks dovun eng Nisch mat enger Madonnestatu aus eiser Zäit, riets e geschnëtzt Kruzifix vun ëm 1600. De Kräizwee ass aus dem 19. Joerhonnert. D'faarweg Fënstere aus dem Joer 1989 si vum Emile Probst.[2]

Vun 1988 bis 1998 gouf d'Kapell déifgräifend restauréiert. Si ass zanter 1939 als nationaalt Monument klasséiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Langini A., "Die Markuskapelle in Longsdorf", Die Warte, 25.06.1998.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Longsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. 2,0 2,1 2,2 "Longsdorf, Chapelle St-Marc" op ssmn.public.lu, dem Site vum Service des sites et monments nationaux (gekuckt 2013-05-23).