Kapell Notre-Dame du Maquis

Vu Wikipedia
D'Kapell 2011

D'Kapell Notre-Dame du Maquis ass eng Weekapell an der belscher Gemeng Houyet an der Provënz Namur, laanscht Nationale 94 eng ronn 1.100 Meter nërdlech vun Hérock, op der Kräizung mat engem Bëschwee Route de la Reine genannt.

D'Kapell gouf als Merci un d'Gottesmamm opgeriicht well se d'Maquisarde vum Maquis de Fenffe soll wärend hiren Aktioune beschützt hunn, an als Erënnerung un déi gefale Komeroden.

Op der rietser Mauer ass en Informatiounspanneau deen iwwer d'Erreegnesser op där Plaz renséignéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. September 1944 haten d'Maquisarden net wäit vun der Plaz wou d'Kapell steet, en däitsche Convoi den ënnerwee war fir op d'Kommandatur vun Dinant ze fueren, ugegraff. No de Kämpf déi e puer Stonne gedauert haten, hate ronn 50 [1],[2] Däitsch hiert Liewe gelooss. Dorënner waren: een SS-Generol, säi Fligeladjudant, fënnef Gestapo-Leit, tëscht fofzéng an zwanzeg Wehrmachtzaldoten, ee Motocycliste, 3 däitsch Offizéier, zweeanzwangeg SS-Männer an een Ënneroffizéier.

Op der Säit vun de Maquisarde war kee blesséiert ginn. Duerch déi Attack konnten net nëmmen Haftbefehler séchergetallt ginn, mä och Dokumenter déi iwwer déi däitsch Artilleriespositioune renséignéiert hunn an déi un d'Alliéiert konnte weidergereecht ginn.

Déi Däitsch hu sech zwéin Deeg duerno revanchéiert andeems se d'Uertschaft Hérock iwwerfall an a Brand gestach hunn. Dobäi koumen zwéi Mënschen ëm d'Liewen.

Bei Aktiounen duerno hunn all déi implizéiert Resistenzler déi zur Resistenzgrupp B2 gehéiert hunn, hiert Liewe geloss. Hir Nimm sinn op Placken an der Kapell opgelëscht. De Chef vum Resistenzsecteur ëm Dinant war déi Zäit de Barong Jacques de Villenfagne de Sorinnes.

Op der Stèle um Altor ass follgend Opschrëft:

EN RECONNAISSANCE
À N.D. DU MAQUIS
QUI PROTÉGEA
LES HOMMES DU MAQUIS DE FENFFE
DANS LE COMBAT
DU 3 SEPTEMBRE 1944
ARMÉE SECRÈTE Z5.S5.B2

Op der Stèle um Fous vum Altor:

ICI A CAMPÉ
L'ARMÉE SECRÈTE
MAQUIS DE FENFFE
B2.S5.Z5 ÉTÉ 1944

Plack lénks 8 Nimm:
ARNOULD Constant
BOULY Joseph
DOR Roger
GARNIER Joseph
GILSON Adolphe
GOFFIN Henri
HENRY Henri
LAFFINEUR Albert
Plack riets 5 Nimm:
MICHAUX Isidore
NASSOGNE Edgar
WENKIN Willy
STEPHANY Jean
TILL Evrance

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jee no Quell 54
  2. Ardenne Encyclopedie gekuckt den 12. November 2011