Kapell Scheedel

Vu Wikipedia
Kapell vu Scheedel
Kapell vu Scheedel (2014)

Kapell vu Scheedel (2014)
Kapell vu Scheedel (2014)
Uertschaft / Plaz Scheedel
Par Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Muttergottes
(Mater Dolorosa)
Konsekratioun 1868
Baujoer 1862
Koordinaten 49° 53’ 34.9’’ N
      06° 02’ 35.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Scheedel ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.

D'Kapell steet zentral am Duerf an der Duerfstrooss, enger Säitestrooss vum CR349. Se ass der schmäerzensräicher Muttergottes (Mater Dolorosa) geweit.

Zur Par Buerschent gehéieren ausser der Kapell vu Scheedel och nach d'Parkierch vu Buerschent an d'Filialkierch vu Kiemen. Ausserdeem gehéiert och nach déi kleng Uertschaft Dierbech dozou, wou awer keng Kierch oder Kapell steet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell vu Scheedel gouf am Joer 1862 op Wonsch vun de véier Bridder Erdel gebaut, déi als Uerdensbridder a Frankräich an England aktiv waren. Ee vun hinne war souguer bis op Jerusalem komm. A Bréiwer un hir Famill zu Scheedel hu se hire Wonsch ausgedréckt datt do eng Kapell zu Éiere vun der schmäerzensräicher Muttergottes sollt gebaut ginn. D'Plaz wou se sollt hikomme haten se duerch eng Ierfschaft kritt an zur Verfügung gestallt. 1856 huet ee vun de Bridder vu Paräis aus geschriwwen, datt e géif eng Louheck fir den Ënnerhält vun der Kapell schenken.

Den 2. Februar 1862 koum et zu engem Baukontrakt tëscht dem Mathias Betz, Entreprener vu Welschent, an dem Peter Klein a Valentin Erdel vu Scheedel. Am Kontrakt goufen d'Detailer vum Bau an de Präis genee festgehalen. Laut Kontrakt sollt d'Kapell bis den hallwe September fäerdeg sinn. De Bau gouf 1862 och am Réibau fäerdeg, duerno ass aus onerkläerlech Grënn awer näischt méi geschitt bis an d'Joer 1868.

De 27. Oktober 1868 gouf d'Kapell vum Deche Weirens vun Dikrech ageweit. Paschtouer vun der Par Buerschent war deemools de Jakob Holperts. D'Käschte fir de Bau vun der Kapell ware bis zum Schluss op 3.021,55 Frang eropgaangen. Dobäi sinn d'Transporter vum Material vun den Awunner vum Duerf iwwerholl ginn.

Am Ufank stoung just e ganz einfachen Altor an der Kapell, dee vun zwéi vun den Uerdensbridder bei engem Besuch an der Heemecht am Joer 1869 gebaut gouf. Spéider koum en Altor aus enger Parkierch aus dem Kanton Réiden dran. D'Kapell war bannen am Ufank nëmme mat einfacher Kallekfaarw ugestrach. 1925 krut se vum Konschtmoler Wilhelmy aus Veianen en neien Ustrach.

Vun 1868 bis 1894 goufen d'Masse vun engem Massendenger op der Strooss mat der Bömmelchen, enger Handklack, agelaut. Eréischt 1897 krut d'Kapell eng gréisser Klack vu 60 kg, déi mat engem Subsid vun 250 Frang vun der Regierung kaaft an den 13. Mee ageweit gouf. 1906 koum eng zweet Klack an d'Kapell déi vu Rëmeleng koum. De Schmadd vu Kiemen, deen d'Klack am Tuerm montéiert huet, krut als Merci déi fréier Handklack, d'Bömmelchen.

Am Abrëll 1897 gouf den Tuerm vun der Kapell ganz mat Schifer verkleet. 1933 krut d'Kapell e Kräizwee.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Rasqué, Fritz: Bourscheid - Geschichte einer alten Pfarrei, 1944, Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 430 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Scheedel – Biller, Videoen oder Audiodateien