Kapell Tandel

Vu Wikipedia
Kapell vun Tandel
Kapell zu Tandel (2014)

Kapell zu Tandel (2014)
Kapell zu Tandel (2014)
Uertschaft / Plaz Tandel
Par Baastenduerf
Dekanat Veianen
Numm / Patréiner Hl. Anna
Koordinaten 49° 53’ 45.4’’ N
      06° 10’ 53.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Tandel ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Baastenduerf, zum Parverband Veianen, zu der Pastoralregioun Norden, zum Dekanat Veianen an zu der Gemeng Tandel gehéiert.

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Anna, där hiert Fest de 26. Juli gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zu Tandel um Enn vun engem Niewewee vun der Veianerstrooss, der N17. Et ass och e klenge Kierfecht nieft der Kapell ugeluecht.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Baastenduerf gehéiert ausser der Kapell vun Tandel och nach d'Parkierch vu Baastenduerf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Uewen um Portal vun der Kapell steet d'Joreszuel 1693. Op engem Steen e Stéck iwwer dem Agank ass d'Joer 1758 uginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Tandel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).