Kapell Uewerglabech

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell zu Uewerglabech)
Kapell vun Uewerglabech
Kapell vun Uewerglabech (2011)

Kapell vun Uewerglabech (2011)
Kapell vun Uewerglabech (2011)
Uertschaft / Plaz Uewerglabech
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Jakobus
Baujoer 1686
Koordinaten 49° 47’ 03.7’’ N
      06° 08’ 58.5’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kapell aus südëstlecher Richtung gesinn

D'Kapell vun Uewerglabech ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Noumer gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Jakobus deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt.

Se steet op enger klenger Kopp op der Haaptstrooss, dem CR306.

Zur fréierer Par Noumer hunn ausser der Kapell vun Uewerglabech och nach d'Parkierch vun Noumer an d'Filialkierch vu Schrondweiler gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se gouf 1686 vun den Awunner vun der Uertschaft Uewerglabech op hir Käschte gebaut.

1874 gouf d'Trap, déi bei d'Kapell eropféiert, ugeluecht, datt d'Leit solle besser op de Knäppche kommen, op deem d'Gebai steet.

Si gouf den 11. August 1983 an den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Uewerglabech – Biller, Videoen oder Audiodateien