Kapellen
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft Kapellen. Fir déi belsch Gemeng, kuckt w.e.g. Kapellen (Belsch). |
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Capellen de: Kapellen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Kapellen | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Gilles Roth (CSV) | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 1.319[1] (2008) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 38' 46" N 05° 59' 29" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Kapellen|Kap/Kapellen ass eng Uertschaft an der Gemeng Mamer. Et ass déi eenzeg Uertschaft am Land déi Kantonalhaaptuert ass ouni de Sëtz vun enger Gemeng ze sinn.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Duerch d'Uertschaft Kapellen féiert niewen der Nationalstrooss N6, och Arelerstrooss genannt, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Arel (Belsch) verbënnt och déi international Zuchstreck Lëtzebuerg – Bréissel (Belsch). D'N6 gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.
Duerch Kapellen huet och eng wichteg Réimerstrooss (rue du Kiem) gefouert, déi eelst Strooss aus der Uertschaft.
Geschicht [änneren]
- 1841: Kapellen gëtt zum Haaptuert vum Kanton bestëmmt. Virwat Kapellen? Mee - anscheinend - eenzeg an eléng wéint der Zentralitéit vun der Uertschaft: "La Commission (extraordinaire) propose de désigner Capellen comme chef-lieu du nouveau canton formé des parties détachées de ceux d'Arlon et de Messancy. Ce village a une position centrale " (Vgl. de Rapport vum 28. August 1841!).
- 1842: E Friddensgeriicht gëtt zu Kapellen ageriicht.
- 1847: Eng Petitioun, déi un d' Stänn (fr.: États) vum Groussherzogtum adresséiert gëtt, versicht, den Haaptsëtz vum Kanton vu Kapellen op Mamer ze déplacéieren. D'Stänn verwerfen dës Fuerderung allerdéngs de 15. November 1847.
- 1848: No der Revolutioun gëtt schonn nees eng Petitioun agereecht - dës Kéier an déi nei Chamber -, fir aus Mamer d'Haaptuert vum Kanton ze maachen. Och dës Petitioun gëtt eestëmmeg verworf, an zwar den 19. Dezember 1949.
- 1849: Déi éischt Schoul gëtt gebaut.
- 1850: Deen éischte Postbüro entsteet zu Kapellen.
- 1864: D'Uertschaft Kapellen zielt 12 Haiser a 70 Awunner, a Kap 19 Haiser an 129 Awunner.
- ????: D'Gendarmerie gëtt vu Stengefort op Kapellen transferéiert.
- 1927: Eng Gendarmerie-Kasär gëtt gebaut.
- 1968: D’NAMSA, eng logistesch Agence vun der NATO, verleet hire Sëtz vu Châteauroux (Frankräich) op Kapellen.
- 1987: Eng nei Gendarmerie-Brigade gëtt ageweit.
Kuckeswäertes [änneren]
- Monument aux morts op der Arelerstrooss: mat engem Relief vum Lucien Wercollier.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument aux morts Kapellen ![]()
- Polizeimusée am Kulturzenter nieft der Kierch.
Réimeschen Zillenuewen [änneren]
De réimeschen Zillenuewen fënnt e laanscht d'Areler Strooss am Park vun der Maison Risch.
Am Juni 2002 hunn d'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher an Zesummenaarbecht mam Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, deen Uewen am Parc d'activités Hirenheck ausgegruewen. Well en net op där Plaz konnt bleiwen, huet de Service des sites et monuments nationaux den Zillenuewen op déi 'nei' Plaz transferéiere gelooss, wou en zanter dem 5. Abrëll 2003 ze gesinn ass[2].
Literatur [änneren]
- Albert Calmes, Origine du Canton de Capellen ; in: Au fil de l'histoire , Bd. II, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1988 (= 3. Oplo); Ss. 230-232. Heibäi handelt et sech ëm de Reprint vun engem Artikel, deen den 11. Juli 1951 am Luxemburger Wort publizéiert gi war.
- Jemp Kunnert, Les origines du canton de Capellen ; in: nos cahiers , 24. Joer - 2003, Nr. 3/4 (= Sonnernummer "Kanton Capellen"); Ss. 7-9.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kapellen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Mamer
- Caper Piwitschen - Guiden a Scouten FNEL
- Websäit vun de Georges-Kayser-Altertumsfuerscher
- Websäit vum Musée international d'effets de gendarmerie et police Capellen (en)
- Websäit vun der NAMSA
Referenzen [änneren]
- ↑ Cf. http://www.mamer.lu/index.php?page=11.22
- ↑ Quell: Informatiounsplackett op der Plaz..